Panne technique

Et ass Iech sécher opgefall dass scho laang näischt méi gepost gouf. Dat heescht awer net dass mir an de Bierger verscholle sinn, mee dass mir säit e puer Deeg keen Internet méi hunn (wat fir munch Schüler wuel op dat selwecht eraus kënnt). E bëssen Datevolumen am Roaming kënne mer eis leeschten fir wéinstens dëse Post ze schreiwen.

Et geet eis alleguer gutt, och wa jiddereen ufänkt e bësse midd ze ginn, an d’Wieder huet sech all déi Deeg vu senger beschter Säit gewisen. Den Owend ass e gemeinsamt Lagerfeier fir Äddi ze soen, a muer de Moie ginn d’Valisse gepak.

Fotoen an Texter vun de leschten Aktivitéiten kritt dir da leider eréischt d’nächst Woch ze gesinn.

Advertisements

E sonnegen Dag?

D’Wiederprevisioune si villversprechend, an de Niwwel fänkt tatsächlech un sech opzeléisen. Haut de Moie stinn Atelieren um Programm, de Mëtte ginn d’Steinadler Mountainbike fueren, déi aner Gruppen Schnéischungwanderen (dëst Joer mat besonnesch vill Schnéi), Nordic walken a kloteren.

 

Nodeems et gëschter jo zimlech vill gereent huet, haut dann déi gutt Nouvelle: et reent manner vill.

Eis Tageswanderung maache mir trotzdem, mir wärten awer wéinst der relativ niddreger Schnéigrenz net sou héich an d’Bierger erop goen wéi déi Jore virdrun. Wéi et eis ergaangen ass, gitt dir dann den Owend gewuer.